Jiang Zemin

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jiang Zemin
Gebuer 17. August 1926
Gestuerwen 30. November 2022
Shanghai
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit China
Aktivitéit Politiker, Elektroingenieur
Partei Chineesesch kommunistesch Partei

Den Jiang Zemin (op Chineesesch 江澤民 Jiāng Zémín), gebuer de 17. August 1926 zu Yangzhou am Jiangsu, a gestuerwen den 30. November 2022 zu Shanghai[1], war e chineesesche Politiker.

Den Jiang[2] war Generalsekretär vum Zentralkomitee (ZK) vun der Kommunistescher Partei vu China (KPCh) (1989–2002), Staatspresident vun der Volleksrepublik China (27. Mäerz 1993 bis 15. Mäerz 2003) a President vun der Zentraler Militärkommissioun vun der Chineesescher Volleksbefreiungsarméi (VBA) (1990–2004). Well en dës dräi Fonctiounen zäitweileg mateneen hat, gëtt hien als Nofollger vum Deng Xiaoping als "Ieweschte Leader" vun der VRCh (1989–2002) bezeechent.

Vun 2002 un huet hie seng Fonctioune schrëttweis un den Hu Jintao ofginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jiang Zemin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Felix Keßler: "Chinas früherer Staatspräsident Jiang Zemin gestorben." spiegel.de, 2022-11-30.
  2. Bei chineeseschen Nimm steet de Familljennumm ëmmer als éischt; 'Zemin' ass de Virnumm.