Brian Wilson
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem US-amerikanesche Sänger. Fir de Filmschauspiller mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Robert Brian Wilson. |
Brian Wilson | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Brian Douglas Wilson |
Gebuer |
20. Juni 1942 Inglewood |
Gestuerwen |
11. Juni 2025 Beverly Hills |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
El Camino College, Hawthorne High School |
Aktivitéit | Sänger, Liddermécher, Komponist, Liddermécher, Museksproduzent, Museker, Pianist, Schauspiller, Arrangeur, Museksmanager, Gittarist, Keyboarder |
Droits d'auteur | Wierker sinn duerch Droits d'auteur geschützt |
Member vun | The Beach Boys |
Gielercher | MusiCares Person of the Year, Kennedy-Präis, Grammy Award for Best Historical Album, Grammy Awards |
Famill | |
Bestuet mat | Marilyn Wilson-Rutherford, Melinda Ledbetter |
Geschwëster | Dennis Wilson, Carl Wilson |
Kanner | Carnie Wilson, Wendy Wilson |
![]() |
De Brian Douglas Wilson, gebuer den 20. Juni 1942 zu Inglewood a Kalifornien, a gestuerwen den 11. Juni 2025 war en amerikanesche Museker, deen als de kreative Geescht vun de Beach Boys bekannt gouf. Hien huet an den 1960er an 1970er Joren déi meescht Lidder vun der Band komponéiert. Bis 1967 huet hie sämtlech Albumen, an duerno nach vereenzelter, produzéiert. De Brian Wilson huet déi zweet Leadstëmm gesongen, absënns bei de luese Balladen an an der héijer Falsettstëmm. Hie gëtt als ee vun de wichtegste Komponisten a Museksproduzente vum 20. Joerhonnert ugesinn.
De Brian Wilson an d'Beach Boys
[änneren | Quelltext änneren]1961 huet de Brian Wilson decidéiert zesumme mat senge Bridder Dennis a Carl, hirem Koseng Mike Love an engem Schoulkomerod, dem Al Jardine, eng Band ze grënnen. Uganks huet de Brian Wilson eege Lidder komponéiert an de Mike Love huet den Text geschriwwen. Schlussendlech hu si beim regionale Plackelabel Candix d'Lidd Surfin' erausbruecht, dat a Kalifornien direkt en Hit gouf. Duerno ware si bei Capitol Records ënner Vertrag.
Diskographie
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: en:Brian Wilson discography.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Brian Wilson – Biller, Videoen oder Audiodateien |