Op den Inhalt sprangen

Ombudsmann

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Ombudsmann, w.: Ombudsfra, fr: médiateur, médiatrice, ass e Vermëttler, dee vun enger offizieller Säit (z. B. enger Regierung oder engem Parlament) agesat gouf, fir d'Interesse vun de Bierger ze vertrieden, andeems se Plaintë vun eenzele Bierger iwwer Ofleef an den Administratiounen nogeet a versicht, eng Léisung ze fannen.

Do dernieft gëtt et och Mediateuren, déi net vu Regierungen agesat goufen, an déi fir Veräiner, NGOen, Beruffsorganisatiounen (wéi z. B. déi vu Banken oder Telecoms-Entreprisen), asw. schaffen.

D'Wuert Ombudsman, am haitege Sënn, kënnt aus dem Schweedeschen, wou et zanter 1809 e parlamentaresche Mediateur gëtt. Vum Jean-Claude Juncker ass de Begrëff "Knoutermann", resp. "Knouterfra" an enger Regierungserklärung als lëtzebuergesch Iwwersetzung proposéiert ginn; e gëtt awer bis ewell kaum gebraucht.

Lëtzebuerger Ombudsman

[änneren | Quelltext änneren]

Den Titel vun der Funktioun oder den Numm vun der Verwaltung zu Lëtzebuerg gëtt Ombudsman (mat just engem n um Schluss) geschriwwen[1]; schwätzt ee vun der Persoun, ass et Ombudsmann an Ombudsfra.

Ombudsmann / Ombudsfra, Mediateur

[änneren | Quelltext änneren]

De lëtzebuergeschen Ombudsman gouf duerch d'Gesetz vum 22. August 2003 agesat[2].

Datum Mediateur Bemierkung
1. Mee 2004 – 2012 Marc Fischbach Éischten Ombudsman zu Lëtzebuerg
1. Februar 2012 – 24. Abrëll 2017 Lydie Err Nominatioun: ; Demissioun: Arrêté grand-ducal du 3 février 2017[3]
24. Abrëll 2017 – 2025 Claudia Monti Arrêté grand-ducal du 5 avril 2017[4]
zënter dem 24. Abrëll 2025 Claudine Konsbruck Arrêté grand-ducal du 31 mars 2025[5]

Den Ombudsman fir d'Rechter fir Kanner a Jugendlecher

[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher gouf mam Gesetz vum 1. Abrëll 2020 an d'Liewe geruff[6].

Datum Ombudsman Bemierkung
28. Juli 2020 – 2021 René Schlechter Éischten Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg; Arrêté grand-ducal du 23 juillet 2020[7]
1. Februar 2021 Charel Schmit Arrêté grand-ducal du 9 janvier 2021[8]
  • Udo Kempf and Marco Mille: "The role and the function of the Ombudsman: Personalised parliamentary control in forty-eight different states." In: Linda C. Reif (ed.): The International Ombudsmen Anthology. Selected writings from the international Ombudsmen Institute, Kluwer Law international 1999, S.195-226. ISBN 9041104909 Op Google Books

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. * « Dans sa mission de Médiateur du Grand-Duché de Luxembourg, l'Ombudsman reçoit des réclamations … » (cf https://www.ombudsman.lu/FR/MGDL-001.php)
  2. (fr) Loi du 22 août 2003 instituant un médiateur. data.legilux.public.lu (22.08.2003). Gekuckt den 12.06.2025.
  3. (fr) Médiateur - Nomination. legilux.public.lu (03.02.2017). Gekuckt den 12.06.2025.
  4. (fr) Médiateur - Nomination. legilux.public.lu (05.04.2017). Gekuckt den 12.06.2025.
  5. (fr) Médiateur - Nomination. legilux.public.lu (31.03.2025). Gekuckt den 12.06.2025.
  6. (fr) Loi du 1er avril 2020 instituant l’Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. data.legilux.public.lu (01.04.2020). Gekuckt den 12.06.2025.
  7. (fr) Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher - Nomination. legilux.public.lu (23.07.2020). Gekuckt den 12.06.2025.
  8. (fr) Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher - Nomination. legilux.public.lu (09.01.2021). Gekuckt den 12.06.2025.