Op den Inhalt sprangen

Alima

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mat der Entreprise. Fir Lycée, kuckt wgl. Lycée Aline-Mayrisch.
Alima
Typ S.à r.l.
Grënnungsdatum 1951
Schlussdatum 2025
Sëtz 5, Rue Aldringen
Stad Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Mataarbechter 37[1] (2025)
Produit Supermarché
RCS B22537 (Alima S.à r.l.)
B22538 (Alima Exploitation S.à r.l.)
B24484 (Alima Gare S.à r.l. et Cie; 2014 ofgewéckelt)
Homepage www.alima.lu
A-Z Reklamm (1962)

Alima war eng lëtzebuergesch Supermarchés-Ketten, déi tëscht 1951 an 2025 existéiert huet an an der Stad Lëtzebuerg aktiv war.

Den 2. Januar 1951 huet den Nicolas Hansen, zesumme mam Marco Kaempff als Aktionär, déi éischt Epicerie an der Stad Lëtzebuerg opgemaach. Vun 1952 u gouf och frëscht Brout am Alima verkaaft[2]. De 15. OKtober 1959 koum eng zweet am Garer Quartier an 1969 eng drëtt um Belair dobäi. Am 21. Joerhonnert gouf et och nach e klengen Alima am Altersheem "Am Park" opgemaach.

2012 hu ronn 90 Leit fir d'Entreprise Alima geschafft.[3]

Am Mäerz 2015 huet den Alima zesumme mat dräi aneren Epicerien de Label "Épiceries du Luxembourg" gegrënnt fir hir Visibilitéit mat gemeinsame Publicitéitscampagnen ze stäerken. Déi aner dräi Entreprise ware Massen S.A., déi de Shopping Center Massen exploitéiert, R. Goedert S.A., déi de Buttek Food2Go explodéiert, a Pall Center S.A.[4] Dat huet zu enger Plainte beim Conseil de la concurrence gefouert, deen no enger Enquête 2018 awer entscheet huet, datt just de Pall Center a Massen S.A. géint d'Konkurrenzrecht verstouss hätten. D'Kartellamt huet keng Amende imposéiert.[5]

2020 war dat lescht Joer, an deem de Grupp Alima e Benefice gemaach huet.[6] 2021 huet d'Alima S.à.r.l. d'Entreprise Alima Exploitation S.à.r.l. un CW Invest S.A vun der Christianne Wickler verkaaft, déi och de Pall Center bedreift. Mee schonn 2023 gouf dat schonn erëm réckgängeg gemaach.[7] 2022 huet de Grupp Alima e Verloscht vun 330.000 Euro gemaach.[8]

Am Januar hunn och den Alima Bourse an der Uewerstad an den Alima Belair zougemaach, nodeems dat selwecht schonn e puer Méint éischter mat deem op der Gare geschitt war. Si goufe vum Grupp Delhaize opkaaft, deen och déi rechtlech 37 Employéeën iwwerholl huet.[1]

"Alima Bourse"

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Epicerie mam Numm "Alima" huet 1951 hir Dieren an der Uewerstad opgemaach, a méi prezis um Eck vun der Biedergaass an der Neipuertsgaass. Si gouf an de Joren duerno e puer mol ausgebaut. Zéng Joer méi spéit ass se an den neie Centre Bourse an der Neipuertsgaass geplënnert, wou se och bis zum Schluss bliwwen ass. Dem Supermarché seng Fläch gouf 1974 op 800 Quadratmeter verduebelt. 2006 gouf se nach eng Kéier erweidert, an deem 500 Quadratmeter Verkafsfläch fir Drogerie, Parfumerie an Dekoratioun am Keller vum Gebai dobäikoumen.[9]

Den 18. Januar 2025 war de leschten oppenen Dag vum Alima Bourse.[10]

Den Alima op der Gare, am Abrëll 2024, kuerz nodeem e fir zerguttst zougemaach gouf.

Nom Succès vum éischte Buttek huet den Nicolas Hansen 1959 eng zweet Filial op der Nummer 15 an der Aler Avenue opgemaach. Déi deemoleg Gesetzeslag huet et him net erlaabt, där Epicerie och den Numm "Alima" ze ginn, dowéinst krut si den Numm "A-Z". Den Numm goung op e Concours zeréck, bei deem een en Numm proposéiere konnt[2]. Et war den éischte Supermarché mam Konzept vum Self-service, dat heescht eng Epicerie an där d'Leit sech hir Produkter selwer konnten huelen amplaz vum Personal zerwéiert ze ginn.[9] Et gouf och e Metzleschrayon, dee vum Antoine Paquet bedriwwe gouf, grad wéi e Rayon fir frësch Fësch a Gefligel. Den A-Z hat e Parkhaus mat 80 Plazen, wou ee seng Akeef direkt an den Auto luede konnt; den Accès war op der Récksäit vum Gebai, an der Wallis-Strooss.[2]

Nodeems déi deemoleg Imprimerie Saint-Paul hir Aktivitéite vun der Stater Gare op Gaasperech verluecht huet, ass d'Epicerie A-Z an hir fréier Raimlechkeeten an der Rue du Fort-Bourbon geplënnert a krut do den Numm "Alima Gare".[9] Do ass de Buttek och bis 2011 bliwwen, wéi en a méi kleng Raimlechkeeten an der Rue Charles VI, och am Garer Quartier, geplënnert ass.[11] Déi nei Verkafsfläch gouf domat vun 1300 Quadratmeter op 450 Quadratmeter reduzéiert.[12] Am Mäerz 2024 gouf de Garer Alima zougemaach, well en net méi profitabel war.[11]

Déi fréier Raimlechkeeten an der Rue du Fort-Bourbon goufen 2014 vu Monoprix iwwerholl.[13] D'Gebaier vum Garer Alima (op den Nummeren 1 an 3 an der Rue Charles VI an 1A-1B an der Rue du Fort-Wallis goufen 2024 vun der Stad Lëtzebuerg fir 2,7 Milliounen Euro opkaaft.[14]

"Alima Belair"

[änneren | Quelltext änneren]

Eng weider Filial mat 750 Quadratmeter gouf 1980 an der Avenue du Dix-Septembre am Quartier Belair opgemaach, déi wéinst enger Gesetzesännerung och direkt "Alima Belair" huet dierfen heeschen.[9]

Den 18. Januar 2025 war de leschten Dag, op deem den Alima Bourse seng Diere fir d'Clienten op hat.[10]

"Alima am Park"

[änneren | Quelltext änneren]

E puer Joer laang gouf et och e klengen Alima am Altersheem Sainte Elisabeth am Park an der Avenue Émile-Reuter.[5] De Buttek gouf awer scho virum Enn vun der ganzer Chaîne zougemaach.

 Commons: Alima – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 retaildetail.eu: Delhaize completes acquisition in Luxembourg (30. Dezember 2024)
  2. 2,0 2,1 2,2 Scheer, Joss u. a. Eis fofzeger Joren: eng nei Zäit: Wunnen, Iessen, Moud. Itzig: RBS, 2016. Print. ISBN 978-99959-750-4-3, S. 62
  3. STATEC: Les principaux employeurs au Luxembourg d'après l'effectif classés par branche d’activité économique de la NACE Rév.2 (Situatioun um 1. Januar 2012)
  4. wort.lu: Pall Center wird Les Epiceries du Luxembourg (8. Mee 2017)
  5. 5,0 5,1 Décision n°2018-FO-02 vum Conseil de la concurrence (13. Juni 2018)
  6. wort.lu: Aus Alima wird im Februar Delhaize vum Marco Meng (2. Januar 2025)
  7. reporter.lu: Les magasins Alima dans la tourmente vum Véronique Poujol (14. Mäerz 2024)
  8. wort.lu: Das Alima-Geschäft im Garer Quartier soll Ende März schließen vum David Thinnes (14. Mäerz 2024)
  9. 9,0 9,1 9,2 9,3 alima.lu: Vorreiter in Sachen Handel (gekuckt den 20. Januar 2025)
  10. 10,0 10,1 lessentiel.lu: Alima-Filialen öffnen am Samstag zum letzten Mal (17. Januar 2025)
  11. 11,0 11,1 virule.lu: Quartier gare: le magasin Alima fermera ses portes à la fin du mois de mars vum Thomas Berthol (14. Mäerz 2024)
  12. wort.lu: «Un jour, il y aura des friches commerciales» vum Linda Cortey (21. Oktober 2016)
  13. luxtimes.lu: Monoprix has arrived in Luxembourg! (25. Februar 2014)
  14. wort.lu: Stadt Luxemburg übernimmt Gebäude des Alima Gare vum David Thinnes (21. Oktober 2024)