Op den Inhalt sprangen

Pall Center

Vu Wikipedia
Pall Center S.A.
Typ Aktiëgesellschaft
Grënnungsdatum 1982
Grënner Christianne Wickler
Sëtz 2, Arelerstrooss
L-8552 Uewerpallen
Lëtzebuerg
Generaldirekter Christianne Wickler
Produit Akafszentrum, Supermarché
RCS B93577
Homepage www.pallcenter.lu

Pall Center ass en Akafszentrum zu Uewerpallen. Zum selwechte Grupp zielen och eng Rei Supermarchéë mam Numm Pall uechter Lëtzebuerg. Den Numm kënnt vun der Baach mam selwechten Numm.[1] Zu Uewerpallen, zu Bartreng an zu Stengefort gëtt et donieft och nach jee ee Pallcafé.

De Pall Center gouf 1982 vun der deemools 22-järeger Christianne Wickler opgemaach, wéi si zu Uewerpallen eng Tankstell mat Epicerie vun hirem Papp, dem Entrepreneur Mathias Wickler iwwerholl huet.[1],[2],[3] Déi gouf iwwert d'Joren ëmmer erëm ausgebaut.

Schonn 1984 huet si eng zweet Tankstell am Pommerlach opgemaach an 1992 e Supermarché zu Steesel. 2013 koum e "Pall City Market" zu Stroossen dobäi.[1] 2019 gouf de "Pall Food Market" zu Stengefort mat enger Verkafsfläch vun 1.800 Meter opgemaach.[4] Och zu Useldeng huet e Pall seng Dieren opgemaach.

Am Mäerz 2015 huet de Pall Center zesumme mat dräi aneren Epicerien de Label "Épiceries du Luxembourg" gegrënnt fir hir Visibilitéit mat gemeinsame Publicitéitscampagnen ze stäerken. Déi aner dräi Entreprise ware Massen S.A., déi de Shopping Center Massen exploitéiert, R. Goedert S.A., déi de Buttek Food2Go explodéiert, an den Alima.[5] Dat huet zu enger Plainte beim Conseil de la concurrence gefouert, deen no enger Enquête 2018 awer entscheet huet, datt nëmmen de Pall Center a Massen S.A. géint d'Konkurrenzrecht verstouss hätten. D'Kartellamt huet keng Amende imposéiert.[6]

Dem Site Reporter.lu no hat de ganze Grupp Pall Center am Joer 2018 en Ëmsaz vu 95,7 Milliounen Euro an ëm 2022 ongeféier 300 Employéeën.[7]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 (fr) Pall Center - L'entreprise au milieu du village. Chambre de commerce (27. Oktober 2016). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  2. (fr) L'esprit Pall. pallcenter.lu. Gekuckt den 22. Januar 2025.
  3. (fr) Christiane Wickler, directrice de Pall Center: «Moi, je suis un cultivateur!». sudinfo.be (13. August 2014). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  4. (fr) Un nouveau Pall Center ouvrira ses portes en 2019 !. shootlux.be (7. Dezember 2018). Gekuckt den 22. Januar 2025.
  5. wort.lu: Pall Center wird Les Epiceries du Luxembourg (8. Mee 2017)
  6. Décision n°2018-FO-02 vum Conseil de la concurrence (13. Juni 2018)
  7. (fr) Véronique Poujol, La gestion controversée de Christianne Wickler. reporter.lu (12. Sepember 2022). Gekuckt den 22. Januar 2025.