Boot
Ausgesinn
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gefier um Waasser. Fir eng Klass vu Computerprogrammer, kuckt wgl. Bot. |

E Boot (oder Bot) ass e Waassergefier, dat allgemeng méi kleng wéi e Schëff ass.
Kleng Booter ginn typescherweis op Bannegewässer wéi Flëss a Séien oder a geschützte Küstegebidder benotzt. An der moderner Marinn ass e Boot e Waassergefier, dat kleng genuch ass, fir u Bord vun engem Schëff transportéiert ze ginn.
Wat d'Proportiounen an d'Baumethode vun de Booter ugeet, sou variéieren déi nom Zweck fir wat se gebraucht ginn, vun de Materialien déi zur Verfügung stinn, no de lokalen Traditiounen, asw.
- Kanue gëtt e schonn zënter der Virgeschicht a se ginn nach ëmmer weltwäit fir den Transport, d'Fëscherei oder de Sport benotzt;Fëscherbooter variéiere staark am Stil an ginn deelweis un déi lokal Konditiounen ugepasst;
- Naache si e flaach Booter fir d'Banneschëfffaart;
- Zu de Fräizäitbooter, déi an der Sportschëfffaart benotzt ginn, gehéiere Schibooter, Pontonbooter a Seegelbooter;
- Hausbooter kënne fir d'Vakanzenzäit oder als laangfristeg Residenz benotzt ginn;
- Rettungsbooter gi fir Rettungs- a Sécherheetsaktiounen agesat.
Booter kënne mat Muskelkraaft (z. B. Rudderbooter a Paddelbooter), mam Wand (z. B. Seegelbooter) oder mat Motoren (Bensinn, Diesel, Stroum) ugedriwwe ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Boot – Biller, Videoen oder Audiodateien |