Op den Inhalt sprangen

Bot

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bot, enger Klass vu Computerprogrammer. Fir d'Gefier um Waasser, kuckt wgl. Boot.

Ënner engem Bot (vum englesche robotRoboter“) versteet een eng Klass vu Computerprogrammer, déi zum groussen Deel autonomen Aufgaben noginn, mat deenen e Mënsch oder eng mënschlech-interaktiv gesteiert Software zäit- oder quantitéitsméisseg iwwerfuerdert wier.

E Bot ass en tendenziell éischter simpelt, fläissegt „Aarbechtswiesen“. Dofir gebraucht een déi Bezeechnung och normalerweis net fir quasi-selbstänneg Programmer am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz.

E ganz bekannt Beispill fir Botte sinn d'Webcrawlere vun Internet-Sichmaschinnen, déi Websäite besichen, woubäi si de Linken, déi do sinn, noginn an dobäi ënner Ëmstänn de Contenu vun de Säiten auswäerten.

A Computerspiller (meeschtens Ego-Shooteren) gi computergesteiert Acteuren, déi am Méispillermodus d'Rolle vun eigentlech mënschleche Spiller iwwerhuelen, och als Botte bezeechent.

Am IRC gi Botte fir d'Kontroll a fir d'Ophale vun Channele benotzt.

 Commons: Botten – Biller, Videoen oder Audiodateien